Seitenleiste LU


Aktualitéit:


10. Mee 2022
Aus perséinleche Grënn huet den Här Wagener Robert säi Posten als Member vum Kommitee vun der Gemeinschaftsantenne néier geluecht.


11. Februar 2022
Eis Generalversammlung ass e Freideg den 11. Februar em 20:00 Auer zu Huldang am Sall.


31. Dezember 2021
Aus perséinleche Grënn huet den Här Dumont André säi Posten als Sekretär souwéi als Member vum Kommitee vun der Gemeinschaftsantenne néier geluecht. Mir soen him Merci fir seng bis elo geleeschten Aarbecht.


22. Mee 2021
Eng nei Stroumpann bei CREOS tëschent 10:37 an 11:37 huet dës Kéier dozou gefouert dat eis Signal zu Ëlwen a Biwesch net konnt empfaange ginn. Mir bieden ëm Äert Versteesdemech.


19. Mee 2021
Op Grond vun enger Stroumpann bei CREOS tëschent 18:18 an 19:09 koum et zum Ausfall vun eiser Kapp-Statioun. Wärend dëser Zäit konnt eist Signal net ausgestraalt ginn. Mir bieden ëm Äert Versteesdemech.


19. Abrëll 2021
Nei Programmen an eisem Kabel: DOK; BFM TV; BVN TV; Vatican Channel; Sky Sport News; Rai Scuola; Rai Storia; Record TV; Senato


12. Februar 2021
Eis Generalversammlung ass e Freideg den 12. Februar em 20:00 Auer zu Huldang am Sall. Wéinst Covid-19 wäerte mer d’Versammlung zousätzlech iwwert eise Kanal „ACT INFO HD“ live iwwerdroen.


3. September 2020
Well „France Ô“ hir Sendung agestallt hunn, hu mir dëse Sender virleefeg duerch „6ter“ ersat.


1ten August 2020
Wéinst technesche Problemer mussen „Tele 5“, „Dmax“ a „Sonnenklar TV“ mat engem Sich-Laf op ärem Fernseher nei installéiert ginn. (Frequenz 218 MHz)


28. Februar 2020
Eis Generalversammlung ass e Freideg den 28. Februar em 20:00 Auer zu Huldang am Sall


14. Januar  2020
ELTRONA huet hir Pay-Tv Kontrakten zum 11.02.2020 gekënnegt. Weider Infoen ënnert Ännerungen.


vir un  2020
Archiv